Banner
APEMH
APEMH - 10 rue du Château, Bettange-sur-Mess, 4976, Lëtzebuerg

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Atelieren zu Betten an der Schräinerei & Schlässerei

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelieren zu Betten an der Schräinerei & Schlässerei, een diploméierten Erzéier (w/m/x) - ee CDI - Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Är Missiounen :


Begleedung an Ënnerstëtzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vun Jugendlechen an Erwuessenen mat enger intellektueller Beeinträchtegung déi an eisem Atelier „Schräinerei & Schlässerei“ schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal


Obligatoresch Ufuerderungen :


D’Kandidate sollen :

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beeinträchtegung ze garantéieren

  • iwwer Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiative verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • de Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen:


Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beeinträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden:


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


circleInformations

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Atelieren zu Betten an der Schräinerei & Schlässerei

Permanent contract

22/01/2026

10 rue du Château

General certificate / Technical certificate

Full-time

Suivez-nous
LinkedInFacebook