Banner
arcus asbl
arcus asbl - rue de Bastogne, Grosbous, L-9154, Luxembourg

Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Maison Relais Groussbus-Wal (Campus Schlassgaart)

Mir siche fir d'Maison Relais Groussbus-Wal (Campus Schlassgaart): Educateur diplômé oder gradué (m/w/nb) – CDI – 25-30 Stonnen/Woch


De Campus Schlassgaart bitt Plaz fir ronn 140 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer gutt equipéiert Raim souwéi eng extern Spillplaz, e multi-sport Terrain an eng Sportshal, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (diplômé oder gradué)

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (travail en coupé)

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen (minimum B2)

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Waat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


 (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformationen

Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Maison Relais Groussbus-Wal (Campus Schlassgaart)

Permanent contract

22/01/2026

rue de Bastogne

General certificate / Technical certificate

Part-time

Folge uns
InstagramFacebook