Banner
arcus asbl
arcus asbl - Mierscher Strooss , Septfontaines, L-8396, Luxembourg

NEW Agent sociopédagogique / Aide socio-éducatif (M/W/NB) - Maison Relais Simmer

Mir siche fir d'Maison Relais Simmer : Busbegleeder (M/W/NB) am CDI mat 17 Stonnen/Woch


D’Maison Relais Simmer bitt Plaz fir ronn 100 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer 11 gutt equipéiert Raim souwéi 2 extern Spillplazen, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.


Deng Aufgaben:

  • Du begleeds d’Kanner (Précoce an Cycle 1) am Schoulbus

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren a mam Schoulpersonal

  • Du hëllefs der Ekipp an der Maison Relais aus (Kanner vum Cycle 1-4)


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (DAP) als Agent socio-pédagogique, Auxilaire de vie oder en Certificat als Aide socio-éducatif

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)

  • Du bass verantwortungsbewosst a kanns autonom schaffen


Waat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • Ee fixe Stonneplang an d’Méiglechkeet Congé an de Schoulvakanzen ze hunn

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformation

NEW Agent sociopédagogique / Aide socio-éducatif (M/W/NB) - Maison Relais Simmer

Permanent contract

22/01/2026

Mierscher Strooss

General certificate / Technical certificate

Part-time

Follow Us
InstagramFacebook