Vendeur Kiosk (w/m/x) - Saisonnier - Parc Merveilleux
De Parc Merveilleux, en Déieren- a Kannerfraizäitpark dee vun der APEMH geleet gëtt, sich Saisonnier’en fir 2026 am CDD (März-Oktober) – Deelzäit oder Vollzäit.
Dir hutt Loscht bei der gréisster lëtzebuergescher Touristenattraktioun ze schaffen, dann zéckt net Är komplett Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif,...) eran ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Är Missiounen :
Ee professionellen Empfaang vun eise Clienten assuréieren
Verkaf a Preparatioun vu Gedrénks , Glacen a Snacke
Opfëlle vun de Produiten
Kiosk propper halen
Obligatoresch Ufuerderungen
Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ
eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen
Teamfäegkeet, Engagement, frëndlechen Ëmgang mat eise Visiteuren
Vun Virdeel:
iwwert Erfarung verfügen
all aner Sproch
Keng Coupure
Information
Vendeur Kiosk (w/m/x) - Saisonnier - Parc Merveilleux
Student job / seasonal job
22/01/2026
Part-time

