

Ed. dip. (m/w/d) - Schoulesch Hëllef - Wunngrupp fir Jugendlecher zu Ierpeldeng (Saccly) - CDI 75 %
Är Aufgaben:
Aarbechtsdeeg vu Méindes bis Donneschdeg ausser wärend de Schoulvakanze (Daags- a Nuetsschichte)
Dir sidd Responsabel fir d'schoulesch Hëllef
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Dir hutt gutt Kenntnisser iwwert de Schoulsystem
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Führerschäin (B)
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Informations
Ed. dip. (m/w/d) - Schoulesch Hëllef - Wunngrupp fir Jugendlecher zu Ierpeldeng (Saccly) - CDI 75 %
Permanent contract
07/04/2025
Gruefwee
General certificate / Technical certificate
Part-time