

Eng Botzkraaft (w/m/x) - fir hiert Haus Roude Fiels um Nossbierg – Esch-sur-alzette
D’APEMH Hébergement et Services, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiert Haus Roude Fiels um Nossbierg – Esch-sur-alzette, eng Botzkraaft fir een CDI – 30 Stonnen/Woch ab den 01.06.2025.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...)
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Mir sichen eng Botzkraaft fir den hygieneschen Ënnerhalt vum Haus an d'Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidaten sollen:
iwwert Beruffserfarung verfügen
flexibel Aarbechtszeiten schaffen
eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen
déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sinn vun Virdeel
den Führerschäin Klasse B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit vun eiser Aarbecht
Informations
Eng Botzkraaft (w/m/x) - fir hiert Haus Roude Fiels um Nossbierg – Esch-sur-alzette
Permanent contract
07/04/2025
Part-time