Banner

NEW Chef de groupe (M/W/NB) - Betreit Wunnen

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Als Chef de groupe vun enger dynamescher a multidisziplinärer Equipe begleets du ronn 30 jonk Erwuessener op hirem Wee an d'Selbststännegkeet.


Mir siche fir d'Betreit Wunnen am Norden/Osten: Educateur gradué / Assistante sociale (M/W/NB) - 40 Stonnen/Woch, CDI


Responsabilitéiten

  • Leedung als Chef de groupe vun der Regioun Norden/Osten vum Service „Betreit Wunnen“

  • Zesummenaarbecht mat externen an interne Kooperatiounspartner, souwéi d’Opbaue vun engem Netzwierk mat wichtegen Acteuren aus dem soziale Beräich an denger Regioun

  • Organisatioun a Moderatioun vun Teamversammlungen

  • Organisatioun an Duerchféiere vu Mataarbechter-Coachings

  • Sécherstelle vu pädagogescher Qualitéit an der Dokumentatioun

  • Zielvereenbarung an Evaluatiounsgespréicher mat jonken Erwuessenen feieren

  • Ënnerstëtzung vun der Ekipp an der individueller Begleedung vun de jonken Erwuessenen

  • Transparent Schnëttstell tëscht dem Team an der Leedung


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues d’Fäegkeeten an d’Bereetschaft eng Ekipp ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am pädagogesche Beräich 

  • Du kanns souwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen

  • Du hues Spaass um Organiséieren an Schaffe mat jonken Erwuessenen 

  • Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleede vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess, ewéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann

  • Du bass bereet deng Aarbechtszäitgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen 

  • Du hues exzellent Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch Kenntnisser (Schrëft, Verständnis, Schwätzen) 

  • Du hues e Führerschäin B an een eegenen Auto 


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

  • Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten, Autoplanificatioun (Haaptaarbechtszäiten vu Méindes-Freides tëscht 08h00-20h00)


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)



circleInformations

NEW Chef de groupe (M/W/NB) - Betreit Wunnen

Permanent contract

02/04/2025

Bachelor

Full-time

Suivez-nous
InstagramFacebook