Banner
arcus asbl
arcus asbl - Bréimechterpad, Bourscheid, 9140, Lëtzebuerg

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Buerschent

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


D’Maison Relais zu Buerschent  bitt e moderne Kader an eng inspiréierend Aarbechtsplaz. Fir all Altersgrupp ginn et funktionell a spilleresch Raimlechkeeten fir bis zu 200 Kanner – vun Ateliere bis bei d’pedagogesch Kichen. An engem rouege naturnoem Duerf, ass Buerschent ideal fir Fachleit, déi mat Häerz a Leidenschaft mat Kanner schaffen. 

Mir siche fir d'Maison Relais Buerschent: Educateur diplômé oder Educateur gradué (m/w/nb): 20 Stonnen/Woch - CDI


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

circleInformations

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Maison Relais Buerschent

Permanent contract

10/04/2025

Bréimechterpad

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
InstagramFacebook