

NEW Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Gréiwemaacher
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Responsabilitéiten
D'Kannerhaus Gréiwemaacher huet seng Gruppen dezentraliséiert, dat zu Gréiwemaacher, Beidler, Ouljen a Sandweiler. Mir siche fir Sandweiler a Beidler: Educateurs diplômés (M/W/NB) - 40 Stonnen/Woch, CDI
Obligatoresch Ufuerderungen
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir sidd interesséiert mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an weekends ze schaffen
Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Informations
NEW Educateurs diplômés (M/W/NB) - Kannerhaus Gréiwemaacher
Permanent contract
02/04/2025
rue Schaffmill
General certificate / Technical certificate
Full-time