

Agent éducatif oder éducateur diplômé (m/w/d) - CDI 100% - Alzeng (Schneider Haff)
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hiren Jungendwunngrupp, de Schneider Haff zu Alzeng
Een Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d)
CDI – Vollzäit
Är Aufgaben :
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Führerschäin (B)
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom)
Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Droit d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Informations
Agent éducatif oder éducateur diplômé (m/w/d) - CDI 100% - Alzeng (Schneider Haff)
Permanent contract
08/04/2025
rue Hermann Gmeiner
General certificate / Technical certificate
Full-time