Banner
arcus asbl
arcus asbl - rue Sainte Catherine, Grevenmacher, 6717, Lëtzebuerg

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Gréiwemaacher

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


D'Maison Relais an der schéiner Muselgéigend zu Maacher bitt Plaz fir ronn 290 Kanner. Déi vill verschidde Funktiounsräim (z.B. kreativen Atelier, Medienraum an e Raum fir sportlech Aktivitéiten) bitt eng ofwiesslungsräich Betreiung fir d'Kanner. Bausse stinn eis kannergerecht Spillplazen zur Verfügung. Mais och d'Regioun ass ideal fir flott Ausflich, déi de Aarbechtsalldag beräicheren kënnen. Hei ze schaffen heescht, Deel vun enger engagéierter Equipe ze sinn an d'Kanner an enger inspiréierender Ëmwelt ze begleeden.


Responsabilitéiten

Mir siche fir d'Maison Relais Gréiwemaacher : Educateur diplômé (M/W/NB) - 20-30 Stonnen/Woch, CDI


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

  • (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

circleInformations

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Gréiwemaacher

Permanent contract

24/02/2025

rue Sainte Catherine

General certificate / Technical certificate

Part-time

Suivez-nous
InstagramFacebook