

Een Diploméierten Erzéier (w/m/x) - fir eis Atelieren CPP zu Lampech
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren (CPP) zu Lampech een diploméierten Erzéier (w/m/x), fir een CDD (congé parental ab dem 01.05.2025 bis 31.10.2025 ) fir 20 Stonnen/Woch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Begleedung an Ënnerstetzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Atelieren schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Informations
Een Diploméierten Erzéier (w/m/x) - fir eis Atelieren CPP zu Lampech
Fixed-term contract
20/03/2025
General certificate / Technical certificate
Part-time