Banner

Een Aide-soignant, Erzéier oder Auxiliaire de vie (w/m/x) - Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf, een Aide-soignant, Erzéier oder Auxiliaire de vie (w/m/x), fir een CDD (Congé parental), 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • De Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

circleInformatiounen

Een Aide-soignant, Erzéier oder Auxiliaire de vie (w/m/x) - Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf

Fixed-term contract

22/01/2026

General certificate / Technical certificate

Part-time

Follow eis
LinkedInFacebook